Mir freeën eis, Iech de Sonndeg bei eis um Haff fir den Dag um Bauerenhaff 2023 begréissen ze kennen.
Hei e puer Eckdaten a logistesch Informatioune zum Event:
– Datum: 18.06.2023 vun 10.00 bis 18.00 Auer
– Austragungsort: Bio Haff Baltes, 1, Um Suewel L-9186 Steeën
– Organisateur: Service Jeunesse Lëtzebuerger Bauerejugend vun der Centrale Paysanne Luxembourgeoise
– Anfahrt: Heirënner den Anfahrtsplang fir d’Anfahrt mam Auto. Mir recommandéieren virun allem déi 3 agezeechent Parkingen an direkter Proximitéit zum Haff ze notzen. No engem kuerzen Foussmarsch sidd Dir dann och scho ukomm. A Steeën rafuere musst Dir e Sonndeg iwwer den Gerelwee, bei Depart dann a Richtung Bloen Eck aus dem Duerf rausfueren (Den Sonndeg ass dëst en sens unique). Dir kennt Steeën natierlech och via déi gängeg Buslinnen erreechen – dëst beispillsweis vun Ettelbréck & Dikrech kommend via d’Buslinne 250 an aus Miersch kommend mat der Linn 233. Mir empfeelen Ären Trajet mam ëffentleche Transport via Mobiliteit.lu ze plangen.
A voller Virfreed, bis e Sonndeg!